top of page

Eis Produktioun

Déi verschidde Käerze gi bei eis hei zu Heischent fabrizéiert.Dëst geschitt gréisstendeels per Handaarbecht, dofir ass all Käerz en Unikat.

Mir schaffe just mat qualitativ héichwäertege Réistoffer, wat en éischtklassegt Endprodukt garantéiert. De Client ass bei eis Kinnek, dofir probéiere mir all Wonsch ze erfëllen a méiglech ze maachen. D'Faarwen, sou wéi den Design op der Käerz bestinn aus Wues a brennen sou mat of. Niewen de Käerze stelle mir och Käerzestänneren an aner kënschtleresch Objet'en hir. Zënter ville Joren hu mir eis och op d´Restauratioun vu Käerzestänneren an aner al kierchlech Objet'en spezialiséiert.

bottom of page