Wëllkomm

Eise Buttek
An eisem Buttek vun 300 m² fannt Dir Dekor- a Kaddo-Artikelen fir all Goût an all Geleeënheet.
Mir hunn insgesamt e Choix vun iwwert 13.000 Artikelen:
Dekorkäerzen, Käerzen fir Gebuertsdag, Hochzäit, Kanddaf, Kommioun a.s.w. ginn an eiser Käerzefabrik mat vill Léift an technischem Know-How an Eegenproduktioun fabrizéiert. Net nëmmen Käerze fannt Dir an eisem Buttek, mee och vill aner Artikelen wéi Luuchten, Biller an nach villes méi.
Mir kënnen och speziell Käerzen ganz individuell nom Wonsch vum Client produzéieren, bei eis ass de Klient nach Kinnék.
Eis Produktioun
Déi verschidden Käerzen ginn bei eis hei zu Heischent fabrizéiert.
Dëst geschitt gréisstendeels per Handaarbicht, dofir ass all Käerz en Unikat.
Mir schaffen just mat qualitativ héichwäertige Réistoffer, wat en éischtklassicht Endprodukt garantéiert. De Klient ass bei eis Kinnék, dofir probéiere mir all Wonsch ze erfëllen an méiglich ze man. D'Faarwen sou wéi den Design op der Kaerz bestinn aus Wues a brennen sou mat of.
Nierft de Käerzen stelle mir och Käerzenstänneren an aner künstlerisch Objet'en hir.
Zënter ville Joëren hu mir eis och op d Restauratioun vu Käerzenstänneren an aner al kirchlich Objet'en spezialiséiert.
Käerzeninfo:
Käerzefabrik Peters
Käerzefabrik Peters
6 Clemensbongert
L-9158 Heiderscheid
Tel: +352 899 197
Fax: +352 839 890
info@kaerzefabrik.lu