top of page

Iwwer eis

1885

Säit 1885 gouf et zu Esch-Sauer e klengen Handwierksbetrib, deen op traditionell Aart a Weis Käerzen hirgestallt huet. Bis zum Doud vum Christophe Goedert am Joer 1990 war et e renge Familljenbetrib. Duerno war d’Schicksal vun der Käerzefabrik zwee Joer laang ongewëss.

1992

1992 dunn huet d’Käerzefabrik am Besëtz vum John Peters déi al Traditioun vun der manueller Käerzenhierstellung zu Esch-Sauer erëm nei opliewe gelooss. Vu Beruff aus Dréier a Schlesser huet hien eng Ausbildung an Däitschland gemaach fir d’Grondbegrëffer vun der Käerzenhierstellung,

méi genau de Beruff "Wachszieher", ze léieren.

Lues a lues ass d’Käerzefabrik gewues: Um Ufank gouf nëmme fir de Kiercheberäich geschafft. No a no koum och am Beräich Dekorkäerzen d'Nofro op. Ee Joer méi spéit dunn ass dofir an der Fabrick e Geschäft ageriicht ginn. D’Produktioun gouf ëmgestallt. Et ass sech spezialiséiert ginn op Käerzen op Commande fir verschidde Fester an Uläss: Hochzäiten, Kanddeef, Kommuniounen, Gebuertsdeeg, asw.

1998

Schonns 1998 gouf de Betrib ze kleng an huet misse plënneren; en ass awer nach ëmmer zu Esch-Sauer bliwwen. Hei ass dunn och ee méi groussen a modern ageriichte Buttek entstanen, wou net nëmme Käerzen, mee och aner Dekorartikele verkaaft goufen.

2008

2008 huet de John Peters dunn zu Heischent e grousst Gebai gebaut, well zu Esch-Sauer gouf et rëm ze kleng. Ee Joer méi spéit war et sou wäit:
Mir sinn op Heischent geplënnert, an e Buttek vun 300m² mat iwwert 13 000 Artikelen (Kierchekäerzen, Dekorkäerzen, Figuren, Luuchten, asw.) Säit méi wéi 20 Joer also gëtt d’Traditioun vun der manueller Käerzenhierstellung a Familljenhand vum John Peters a senge Kanner mat vill Engagement a Begeeschterung virugefouert. Mir freeën eis op Äre Besuch.

2016

Am Oktober 2016 huet dunn de Jan Peters, d´Nofolleg vum John iwwerholl.

bottom of page